VIP Statements
Mike Feyder
Et ass wichteg dat et eng Associatioun zu Lëtzebuerg gett, déi net nëmmen d'Kirch an de Glawen als Thema huet, mee déi och eng Ëffentlechkeet schaaft fir iwwert Wëssen, Glawen a Gesellschaft ze schwätzen. Ech sinn der Meenung, dat jiddwereen de Choix muss hun ze gleewen oder net ze gleewen, genau wéi een sollt wielen kennen op een der Kiirch beitrëtt oder net. Déi selbstverständlech oder bewosst Entscheedung schéngt mer hei zu Lëtzebuerg nach net ganz ukomm ze sinn. Oft ass een an der Kierch well een den Automatismen vun gesellschaftlechen Ritualer näischt entgéint ze setzen hat.
Obwuel meng Fra an ech nie gleeweg waren, an alles aanescht wéi Kierchegänger sinn, huet et bis 2009 gedauert bis mer offiziell aus der kathoulescher Kierch ausgetrueden sinn. Déi Decisioun ass zum Deel och doduerch entstan, datt zu deem Zäitpunkt méi an der Ëffentlechkeet doriwwer geschwaat gin ass, an well et Associatiounen goufen déi dësen Austrëtt vereinfacht hun. AHA soll also d'Roll vun enger onofhängeger an a fräier Stëmm zu Lëtzebuerg anhuelen déi och ganz einfach Gester erméiglecht.
Dofir ënnerstëtzen ech AHA!
©2010 Mike Feyder
fréieren Basketball-Nationalspiller
Guy W. Stoos
Engem Staat ewéi Lëtzebuerg, deen sech als demokratesch definéiert, steet et schlecht zu Gesicht wann en sech vun enger Relioun ënnerwandere léisst. Vun enger Relioun, déi sech selwer als net demokratesch Institutioun bezeechent an déi, virun allem, duerch d’Jorhonnerten eng Bluutspuer gezunn huet, queesch duerch ganz Europa. Vun enger Relioun, fir déi d’Fra nach ëmmer als net zourechnungsfäheg gehale gët. Vun enger Relioun, déi nach ëmmer e puer Deeg al Kanner kann zwangsrekrutéieren. Vun enger Relioun, déi nach ëmmer d’Muecht huet e ganzt Land gesellschaftspolitesch am däischterste Mëttelalter ze halen. Vun enger Relioun, déi verlaangt op all wëssenschaftlech Erkenntnesser ze verzichten, nëmme fir de Mensch an hirem mystesche Bulli kënne gefaangen ze halen.
Am 21. Jorhonnert dierft et weder esou e Staat, nach esou eng Relioun gin.
Duerfir ënnerstëtzen ech AHA.
©2010 Guy W. Stoos
cartooniste
Georges Engel
Fir mech gëlt den universellen Humanismus als Liewensphilosophie, eng Philosophie, déi ALL d'Menschen vereent an d’Gesellschaft net a Gleeweger an Ongleeweger deelt. Wann eis Demokratie soll stabiliséiert ginn, brauche mer d’Trennung vu Kierch a Stat, well mer responsabel Mensche brauchen, déi net duerch déi limitéiert Siichtweis vun der Kierch an hierem Denken an Handelen begrenzt ginn. Dofir ennerstëtzen ech d’Opklärung an demno och d’Associatioun AHA!
©2010 Georges Engel (LSAP)
Buergermeeschter vu Suessem
Roby Biwer
Als Bürgermeister der Gemeinde Bettemburg stelle ich fest, dass der Prozentsatz von nicht-kirchlichen Hochzeiten seit Jahren steigt, und mittlerweile die 50%-Marke überschritten hat.
Ich habe mich immer bemüht, solchen Paaren mehr zu bieten als nur ein Dokument zur Unterschrift vorzulegen. Darüber hinaus denke ich, dass es sinnvoll wäre, wenn eine Organisation wie AHA Lëtzebuerg für die Menschen, die ohne Religion heiraten wollen, sowie für die Gemeindeverantwortlichen, Ideen aufzeigt, wie man so einen wichtigen Moment im Leben mit einer humanistischen Zeremonie gebührend feiern kann.
Ähnliche Gedanken sollte man sich sicherlich auch zur Geburt eines Menschen machen. Und auch zum Abschied von einem geliebten Menschen kann man sicherlich eine noch angepasstere und gediegenere Zeremonie anbieten.
Auch aus diesem Grund unterstütze ich AHA Lëtzebuerg und wünsche dem noch jungen Verein viel Erfolg!
©2010 Roby Biwer (LSAP)
Bürgermeister von Bettemburg
Jemp Schuster
De Mënsch gesäit schlecht, héiert schlecht, kann net gutt schwammen, net séier lafen, a guer net fléien. De Mënsch huet just eng staark Säit. E kann denken. Firwat mecht en et dann esou rar? Firwat ersetzt en d’Denken duerch de Glaf?
De Glaf bleift ëmmer op Gleewe reduzéiert. Beim Denke kann ee virdenken, nodenken a matdenken. All Gedanken deen de Glaf a Fro stellt, ass ee Schratt deen de Mënsch weider bréngt.
Dat kënnt der mer fräi gleewen.
Heimat erklären ech meng Ennerstetzung fir AHA Lëtzebuerg.
©2010 Jemp Schuster, Kënschtler
Ariane Sherine
I trust that AHA will promote these ideas in Luxembourg, and I wish them all the luck and courage they need to do so.
Creator of the Atheist Bus Campaign UK



