HussGötter hu mer d'Welt entstoen a lenke gelooss, well mer der Welt hir eigentlech Mechanik laang net begräife konnten. Mir kennen se och haut nach ëmmer net ganz begräifen, mä mir hunn eis zivilisatoresch awer esouwäit entwéckelt, datt ëmmer méi Leit ganz gutt a souguer besser ouni Relioun liewe kënnen.

Obwuel d'Opklärung an d'Wëssenschaften d'Relioun entzaubert a widderluecht hunn, halen awer och haut nach ëmmer vill Leit u Göttervirstellunge fest. Mee wat bréngt hinnen dee Gott? Säin Zweck besteet jo doran, Saachen ze begrënnen an ze erklären. Sou soll hien z.B. d'Welt erschaf an eisem Liewen e Sënn ginn hunn. Bréngt eis dat weider? Neen, mat engem Gott ginn d'Froen nämlech net beäntwert, se gi just ënnert den Teppech gekiert: Well wien huet dann de Gott erschaf a wien huet him Sënn ginn? Et heescht dann, Gott wier onergrëndlech... Mä wisou  hu mir da net de Courage, direkt ze soen, d'Welt selwer wier eis zum Deel nach ëmmer onergrëndlech? Relioun gaukelt eis also Äntwerten op déi grouss Froen vun der Mënschheet fir an hält eis dovun of , no richtegen Äntwerten ze sichen an se ze fannen. Fir et wuelwëllend ze ëmschreiwen: Relioun ass eng onnéideg Laascht mat ganz batterem Nogeschmaach!

Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt all Mënsch sollt denken, gleewen a soen kennen, wat hien fir richteg hält. Aus deem Gronn géif ech ni op d'Iddi kommen, op politeschem Wee engem Mënsch säin Glawen verbidden ze wëllen. Gläichzäiteg  fannen ech Relioun aus philosophescher Perspektiv awer därmoossen onerträglech, datt ech net dolaanscht kommen, se iwwerwannen ze wëllen - dëst awer net mat repressive Mëttel, mä mat gudden Argumenter. Dofir sinn ech Grënnungsmember vun AHA Lëtzebuerg. 

Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!